Am leschte video, hu mer kléng Zifferen addéieren geübt.
Am leschte video, hu mer kléng Zifferen addéieren geübt.
Zum Beispill. Wann mer 3 + 2 addéieren.
Ech hun 3 Zitrounen. 1, 2, 3.
Zu deenen 3 Zitrounen addéiere mer 2 Limetten.
- Ass et "Limette" oder "Limetten"? -
2 gréng Zitrounen, oder 2 gréng Stécker Uebst.
Wéivill sauer Uebst hunn ech elo?
Am leschte video hu mer geléiert dass mer 1, 2, 3, 4, 5 Stéck Uebst hunn.
Also mécht 3 + 2 = 5.
Dass genau d'selwecht wann mer 2 + 3 addéieren.
Dass genau d'selwecht wann mer 2 + 3 addéieren.
Ergëtt och Sënn. Et ass präzis identesch.
2 Zitrounen
plus 3 Limetten
mécht ëmmer nach 5 Stécker Uebst.
1. 2. 3. 4. 5.
Voilà.
Egal wéis de se zesummenziels,
et kënnt ëmmer 5 eraus.
Esou gesinn, ass d'Additioun just zesummenzielen.
Esou gesinn, ass d'Additioun just zesummenzielen.
Wat mer nach am leschte video gesinn hunn,
ass mat enger Nummerlinn schaffen. Kënnt op dat selwecht eraus.
Mir molen eng Numerlinn.
Eng Nummerlinn ass soss näischt ewéi eng Lëscht vun allen Nummeren op der Linn.
Eng Nummerlinn ass soss näischt ewéi eng Lëscht vun allen Nummeren op der Linn.
Eng Lëscht vun allen Zifferen.
Géi esou héich erop ewéis de wëlls.
Bis eng Millioun. Eng Milliard.
Maache mer elo hei net.
Mir hu weder esou vill Plaz, nach esou vill Zäit.
Kanns och esou déif goen ewéis de wëlls.
A spéidere Videoen
gesinn mer Zuelen déi méi kléng sinn ewéi 0.
Iwwerlee emol den Owend wat dat heescht.
Vun der 0 aus. 0 ass näischt.
0 Zitrounen heescht mir hu kéng Zitrounen.
Also, 0, 1, 2, 3, 4, 5, 6, 7, 8, 9, 10, 11...
Schéi wäit erop.
12.
Dann kënne mer des Nummerlinn verwerten.
13, 14.
Fir dëse Video geet 14 emol duer.
Mir benotzen eng Nummerlinn fir des Beispiller.
Mir benotzen eng Nummerlinn fir des Beispiller.
Vum leschte Video ee Résumé,
3 + 2, vun der 3 aus.
Mir addéieren 2.
Méi grouss ewéi 3.
Op der Nummerlinn e puer dobai rechnen.
Einfach no riets, plus 2.
Also plus 2.
Mat orange.
Mir ginn 2 an d'Luut.
Vun 3, plus 1,
an dann plus 2.
Mir sprangen op 5.
Genau ewéi virdrun.
3 Zitrounen plus 1 Zitroun mécht 4 Zitrounen.
An nach eng Zitroun drop mécht 5 Zitrounen.
Oder Limetten. Oder Stécker Uebst. Ass egal.
Wat ëmmers de zesummerechnen wëlls.
An dëser Versioun,
d'Nummeren ëmgetosch.
2 plus 3 Objeten.
Hei schwätze mer nach vun Zitrounen an Limetten.
Also plus 3.
1, 2, 3.
Wéi erwaart. D'selwecht Resultat.
Erëm eng Kéier 5.
Bis elo hu mer just widderholl.
Et gëtt Zäit fir méi schwéier Beispiller.
Spille mer mat méi groussen Zuelen.
An dësem Video übe mer mat méi groussen Nummeren.
An dësem Video übe mer mat méi groussen Nummeren.
Am nächsten Video gi mer nach méi déif gruewen,
fir erauszefannen wat Nummeren iwwerhaapt bedeiten.
Versiche mer emol ze verstoen.
Wéi kënne mer méi grouss Zuelen addéieren?
Ech schreiwen elo mat mof.
Wéivill ass 9 + 3 = ?
Mir kënnen dat e puer Weeër ugoen.
Mir kënne Kreeser molen.
Ech molen Stären. 1, 2, 3, 4.
Meng Stären fueren futti.
5, 6, 7, 8, 9.
9 Stären. An do nach 3 Stären drop.
Mir addéieren 1, 2, 3 Stären.
All d'Stären zesummegezielt,
an enger aanerer Faarf.
1, 2, 3, 4, 5, 6, 7, 8, 9, 10, 11, 12.
Mir hunn 12 Stären.
Also kënne mer behaapten dass 9 + 3, 12 mécht. 9 + 3 = 12.
Op enger Nummerlinn, vun der 9 aus.
9 Stären plus 1, 2, 3 Stären.
Dann hues de 12 Stären.
Genau ewéi virdrun.
Genau esou kanns du méi grouss Zuelen zesummerechnen.
Genau esou kanns du méi grouss Zuelen zesummerechnen.
Am Verglach mat virdrun, huet eist Resultat hei 2 Zifferen.
Am Verglach mat virdrun, huet eist Resultat hei 2 Zifferen.
An eng aanere Video schwätze mer iwwer Zifferen.
Eng Ziffer ass just en Numeral, richteg?
Et huet eng 1 an eng 2.
Dat ass 12.
Elo ass net de Moment fir dat ze erklären.
Du kenns d'Nummer 12 bestëmmt souwisou.
Ech wëll...
Wat passéiert wann mer nach méi addéieren?
Wann mer 2-Ziffer Zuelen ewéi déiheiten addéieren, zesumenzielen?
Zum Beispill, wéivill mécht 27 plus
soe mer, plus 15. 27 + 15 = ?
Wanns de d'Zaït dofir opbrénge kanns, an wann et der egal ass wat d'Leit vun der haalen, da mol 27 Kreeser.
Wanns de d'Zaït dofir opbrénge kanns, an wann et der egal ass wat d'Leit vun der haalen, da mol 27 Kreeser.
an dann nach 15 Kreeser
an ziel all déng Kreeser zesummen.
Da kriss de schonn e Resultat.
Oder mol eng Nummerlinn.
Eng Nummerlinn grouss genug fir 27 + 15 ze rechnen.
Eng Nummerlinn grouss genug fir 27 + 15 ze rechnen.
Eng grouss Zuel op jiddefalls.
Du bréichs éiweg dofir.
Ech weisen dir ewéi een dat mécht,
mat einfacher Additoun.
Vun 1 + 1 bis 10 + 10 muss du alles auswenneg kënnen.
Vun 1 + 1 bis 10 + 10 muss du alles auswenneg kënnen.
Wanns de déi kléng Zuelen addéieren kanns, da kanns de och déi grouss Zuelen zesummenrechnen.
Wanns de déi kléng Zuelen addéieren kanns, da kanns de och déi grouss Zuelen zesummenrechnen.
Wanns de déi kléng Zuelen addéieren kanns, da kanns de och déi grouss Zuelen zesummenrechnen, ewéi hei.
Hei méchs de,
Du addéiers. An Zukunft erklären ech et méi détailéiert.
Du addéiers. An Zukunft erklären ech et méi détailéiert.
Kuck déi eenzel Zifferen.
Déi heite Positioun, déi am wäitsen riets,
ass d'Eenter Positioun.
Virwaat nenne mer dat "d'Eenter Positioun"?
Well 27 gläich 20 plus 7 Eenter ass.
20 + 7.
20 + 7 Eenter.
Ewéi 20 + 7 Centimen.
Déi heiten Positioun ass d'Zénger Positioun.
Wisou "d'Zénger Positioun"?
Do ass dach eng 2.
Déi Positioun heescht "d'Zénger Positioun".
Eng 2 hei bedeit 2 mol 10. 2 Zénger.
D'Zuel 20, dat sinn 2 Zénger.
Ech hunn een zéng Cent Stéck, an du gëss mer nach eent.
Dann hunn ech 2 zéng Cent Stécker. 2 Zénger.
Dat ass wat d'Zénger Positioun bedeit.
Ech wëll dech net duercherneen bréngen. Ech wëll just esou fréi ewéi méiglech weisen wéi een richteg addéiert.
Ech wëll dech net duercherneen bréngen. Ech wëll just esou fréi ewéi méiglech weisen wéi een richteg addéiert.
A spéidere Videoen gi mer nach e krack méi déif.
Just dass de et wees.
Fir dës Zort Rechnungen richteg ze léisen, addéiers de fir d'éischt d'Eenter Positiounen zesummen.
Fir dës Zort Rechnungen richteg ze léisen, addéiers de fir d'éischt d'Eenter Positiounen zesummen.
Du brauchs net alles gläichzäiteg zesummenzerechnen.
Du brauchs net alles gläichzäiteg zesummenzerechnen.
Just 7 + 5.
Also 7 + 5.
Wanns de dat nach net kanns, dann hoffentlech kanns de et geschwënn.
Wanns de dat nach net kanns, dann hoffentlech kanns de et geschwënn.
Eng Nummerlinn hëlleft.
Kucke mer op dëser Linn.
Also 7, mir addéieren 5.
1, 2, 3, 4, 5.
Dat mécht 12.
Vun der 5 aus. 5 + 7 ass och 12.
Vun der 5 aus. 5 + 7 ass och 12.
Dat schreiwe mer op.
Mir wëssen dass 7 + 5, 12 mécht.
Mir soen 7 + 5 ass gläich...
Elo eppës Neies.
E Rätsel, eppës Magesches.
Fir dech elo hei.
An Zukunft weisen ech der wisou et funktionéiert.
Mir wëllen 12 schreiwen.
7 + 5 = 12. Mir schreiwen awer just 2.
Mir droen eis 1 eriwwer.
12. 1, 2.
Do hu mer eng 2 geschriwwen, mee hei schreiwe mer 1.
Firwat dat esou ass?
Ech weisen der elo eng einfach Ursaach dofir.
Herno weisen ech der eng besser Ursaach.
et ass nëmmen Plaatz fir eng Zuel hei,
an 12 huet zwou Zuelen
also musse mer eng aaner Plaatz fir déi 1 fannen.
An aanere Wierder,
12 ass d'selwecht wéi 10 + 2, nee?
Dat ass 12.
Also mécht 7 + 5, 12.
an dat ass zwee mol eng Eent.
Zwou Eenten. Zwee Eenter an een Zénger.
Plus een Zénger. Plus een Zénger.
Also leeë mer deen Zénger op d'Zénger Positioun.
Mir hun am Moment 7 + 5 ass gläich eng 10 plus zwee mol 1.
Oder een Zénger plus zwee Eenter.
Wanns de dat na net checks,
da schreiw 2 op d'Eenter Positioun an bréng d'1 mat eriwwer.
An da maache mer dat selwecht op der Zénger Positioun.
1 plus 2 plus 1.
Mir huelen heifir eng Nummerlinn.
Dat mécht Spaass.
Also.
1 + 2.
Fänke mer un - eng lieweg Faarw.
Am magenta.
Mir fänke bei 1 un.
An dozou addéiere mer 2.
1 + 2.
Mir rechne d'1 vun der 12 mat.
1 + 2. Eent, zwee an d'Luut.
Do ass 3.
An dozou nach 1.
Mir addéieren 1 dobäi.
Mir kommen bei 4 un.
Eist Resultat ass 42.
Zimlech cool, net?
Mir hunn net missen eng Nummerlinn bis 42 zéien.
Mir hunn och net missen 42 Objeten molen.
Well mer wëssen wat 7 + 5 ass
a well mer wësse wat 1 + 2 + 1 ass
kënne mer eraus fannen dass 27 + 15, 42 mécht.
Nach e Beispill.
E bëssi méi einfach des Kéier.
Soe mer mol 78 + 3.
Genau ewéi virdrun.
Mir rechnen just d'Eenter Positiounen zesummen.
Mir addéieren 8 + 3.
Wat mécht 8 + 3?
Hoffentlech kanns de dat schon am Kapp zesummen rechnen.
Iwwerlee emol.
8 + 1 = 9
8 + 2 = 10
8 + 3 ergëtt sécherlech 11.
Benotz roueg eng Nummerlinn
wann dat der hëlleft ze visualiséieren.
Also, 8 + 3 = 11.
Wat mer hei maachen, mir hun 8 + 3 = 11.
Dat heiten heihinner, dat doten dohinner
an mir huelen deen aaneren.
Well 11 ass
een Zéng plus eng Eent.
Dat ass 11.
Dann addéiere mer d'Zénger Positioun.
1 Zéng plus 7 Zéngen ass 8 Zéngen.
Dofir ass 78 + 3 = 81.
Ech well der elo dat heite weisen.
Du muss net ëmmer d'Zuelen esou eriwwer huelen.
Just wann d'Äntwert zu enger vun deenen
méi wéi 1 Zuel huet.
11 ass eng zwou Zuelen Nummer.
Zum Beispill, 56 + 2.
Hei kënne mer soen dass 6 + 2 = 8, richteg?
Hoffentlech zielt dat heiten als gutt Übung.
Also, 6 + 2 = 8.
Dann, ech hunn elo näischt wouzou ech des 5 addéiere kann.
Dofir bréngen ech d'5 erof.
56 + 2 = 58.
Einfach esou.
Hei häss de soguer kënnen eng Nummerlinn zeechnen.
Dat wier einfach gewiecht.
Also, wanns de esou eng Nummerlinn zeechens,
D'Null wier ganz wäit no lénks.
Mee ech hunn 50, oder 49
et geet ëmmer weider no lénks
mee du hues 51, 52.
Par contre, ech fänke méi héisch un ewéi dat.
Soss hunn ech net genug Plaatz.
Ech fänke villäicht bei 55 un, 56, 57, 58, 59.
Ech kéint an béiden Richtunge goen.
Mee wa mer bei 56 ufänken, genau do, a mir addéieren 2
Gi mer 1, 2, erop.
Op der 58 bleiwe mer stoen.
Einfach esou léise mer des Rechnungen.
Bis am nächsten Video.